
© PASCAL GUYOT / AFP
Leider kënnt et méi dacks vir, datt eng onschëlleg Persoun an de Prisong kënnt. An dësem Fall aus Éisträich huet den Numm zu enger Verwiesslung gefouert.
An Éisträich gouf e Mann mam Numm Kevin beschëllegt, am Oktober vum leschte Joer Griewer ausgehuewen ze hunn. Den Handydaten no, wier hien och zu deem Zäitpunkt op där Plaz ageloggt gewiescht. Zousätzlech hätt den Haapttäter, dee si am Virfeld festgeholl hunn, e weidere wichtegen Indice ginn. Nämlech hätt him eng Persoun aus Ungarn gehollef, déi duerch Zoufall och Kevin heescht. Doduerch datt de Kevin zanter 2019 och an Ungarn lieft, war de Fall wuel séier kloer.
Ganzer 59 Deeg war hien dann an Untersuchungshaft. Dat awer zu Onrecht. Hie war nämlech net dee Kevin, deen den Täter beschriwwen huet. Dësen hätt nämlech eng ganzer aner Hautfaarf, wéi de Kevin, dee gebierteg aus Däitschland kënnt. Ob dee richtegen Onéierleche fonnt ginn ass, ass net gewosst. De Kevin wier awer frou, datt deen Albdram endlech eriwwer wier.An hei?!