
© Baris Seckin / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
Zanter e Sonndeg gett en F-35-Kapmpjet vermësst.
Dacks verléiert ee jo mol gär de Sonnebrëll, de Portmonni oder den Handy. Datt awer e ganze Fliger verluer geet, ass dann e bësse méi spektakulär. Genau dat ass awer am US-Bundesstaat South Carolina geschitt.
Wéi d’Joint Base Charleston mellt, hätt ee vun hire Kampfjetten eng Panne gehat, wouduerch de Pilot sech mam Schleidersëtz huet misse retten. Elo ass den Jet awer verschwonnen. Fir den Jet erëmzefannen, huet d’Militär och en Opruff op de soziale Medie gemaach an d’Leit opgefuerdert, bei der Sich nom Fliger ze hëllefen. Den Autopilot war nämlech nach aktivéiert gewiescht, doduerch kann de Fliger nach e puer 100 Kilometer weider geflu sinn.
Dat Ganzt huet fir vill Verwonnerung gesuergt. Den F-35 ass nämlech ee vun deiersten an och modernste Kampfjette vun der Welt. Sou kënne mir eis nëmme froen, wéi esou ee Fliger konnt verluer goen.