
© Pixabay
Dëst ass da wuel dat lescht Abenteuer vum Fierkel gewiescht.
An der Alstad vu Wemding an Däitschland hunn d’Awunner wuel schéi gestaunt, wéi si einfach mol e fräilafend Fierkel op der Strooss gesinn hunn. Dëst war an engem Unhänger dran an huet profitéiert, viru sengem Schicksal ze flüchten: Et war nämlech ënnerwee bei de Metzler.
Et ass einfach mol aus dem Unhänger gesprongen an huet eng reegelrecht Verfolgungsjuegd ausgeléist. Wärend ronn 30 Minutten hunn am Ganze 4 Mataarbechter vun der Metzlerei probéiert, d’Schwäin erëm anzefänken. Iergendwann hu si d’Schwäin dann esou ëmzéngelt, datt et vum selwe rëm an den Unhänger gesprongen ass.
Dat war dann och leider déi lescht Rees, fir d’Schwäin. De selwechten Dag ass et nämlech nach bei de Metzler komm.