D’Gebuert vun engem Kand gëtt u sech als eppes Schéines beschriwwen. An dësem Fall hat se awer negativ Kosequenzen.

E Mann aus Australie war bei der Gebuert vu sengem eegene Kand mat dobäi. Dëst ass am Januar 2018 gesond a monter op d’Welt komm. Elo huet den Australier awer eng Plainte agereecht, well d’Gebuert hien traumatiséiert hätt.

Hien argumentéiert, datt d’Klinik hien dozou opgefuerdert hätt, bei der Gebuert dobäi ze sinn. D’Vue vun den Organer an dem ville Blutt vu senger Fra hätten hie wuel psychesch geschiedegt.

Dat hat als Konsequenz, datt hien un enger Psychose erkrankt wier. Dowéinst fuerdert hien elo eng Entschiedegung vun 1 Milliard australeschen Dollar, ëmgerechent also ronn 605.000 Euro. No enger Ënnersichung vum Dokter ass d’Plainte awer zréckgewise ginn.