Dat hei ass e ganz neie Guinness-Weltrekord.

Ganzer 11 Deeg huet d’Helen Williams aus Nigeria u senger selwer gemaachener Paréck geschafft. Mat dëser Paréck huet d’Fra dann och nach e ganz neie Weltrekord opgestallt. D’Paréck huet nämlech eng Längt vun 351 Meter.

Dofir huet d’Fra fir ëmgerechent 2.300 bis zu 1.000 Hoerbëndelen, 12 Béchsen Hoerspray, 35 Tube mat Pech a bis zu 6.250 Hoerspéngelen gebraucht. Am Virfeld war d’Fra schonn 12 Joer zoustänneg, fir Parécken ze maachen. Dësen neie Rekord wier awer ee vun de gréissten Erfolleger, déi d’Helen bis elo an hirer Karriär hat. De ganze Prozess wier och sécher net einfach gewiescht, mee virun allem ustrengend. Op d’Ënnerstëtzung vun der Famill an de Frënn konnt si awer ëmmer zielen.

D’Paréck ass natierelch net, fir am Alldag unzedoen. Elo ass se an hirem Büro ausgestallt, fir bewonnert ze ginn.