Fir jiddereen deen Tinder ze onperséinlech fënnt, gëtt et zu Stuttgart elo de Real-Life-Tinder matten an der Stad!

Onbekannter hunn um Marienplatz zu Stuttgart eng Plaz fir Singles geschaaft, déi Freed um Flirten hunn an nei Leit kenneléiere wëllen!

Mat rosa Faarf ass e Rechteck op de Buedem gemoolt ginn an deem steet "Spontane Speed Dating Zone aka Real Life Tinder". Ähnlech wéi bei der App "Tinder", soll dëst eng Plaz sinn, wou ee schnell Leit kenneléiere kann.

Bis ewell huet d'Dating-Zone leider nach keng Friichte gedroen, mee d'Leit sinn op allefalls scho mol drop opmierksam ginn, et gi vill Fotoen dovunner gemaach, a wie weess - villäicht leiere scho ganz geschwënn 2 Persounen sech do kënnen!