© Instagram Screenshot
D'Friemgoen huet en esou bereit datt e sech als Entschëllegung u seng Fra en XXL-Tattoo maache gelooss huet. Wann en dat net och emol bereie wärt...
Jose Torres, esou heescht de Mann, dee sech momentan an de sozialen Netzwierker iwwer vill Opmierksamkeet freeën dierf. Oder besser gesot: Säin Tattoo. Mat engem risegen Text op senger Broscht ass d'XXL-Wierk och net grad onopfälleg, virun allem wann ee sech d'Zeile méi genee ukuckt gëtt kloer: Dat heiten ass kee Standard-Tattoo.
Queesch iwwert säi ganzen Uewerkierper ass a fetten Drockbuschtawen ze liesen: "Ech, Jose Torres, loosse mir op engem 2. Januar 2019 fräiwëlleg dësen Tattoo stiechen, fir d'Vertraue vu menger Fra zréckzegewannen, nodeems ech an eisem Bestietnis fir Péng a Leed gesuergt hunn."
Mat dëser Iddi wëll de Mann sech also fir säi friemgoen entschëllegen a beweisen datt hien déi ganz Aktioun bereit.
Op en dëst Konschtwierk net och iergendwann bereit, dat bleift ofzewaarden. Eppes steet awer fest: Léift geet ënnert d'Haut...