© Twitter Screenshot
Mat 18 Millioune Likes hat d'It-Girl e Rekord op Instagram opgestallt, elo gouf et vun engem banale Liewensmëttel-Bild iwwerholl...
Am Februar 2018 hat d'Kylie Jenner de Rekord vun deene meeschte Likes op engem Bild op Instagram opgestallt. Dat mat enger Puppelchersfoto vu sengem Kand Stormi Webster, déi 18 Milliounen Häerzer sammele konnt. Elo gouf dëse Rekord gebrach, an zwar vun engem Ee!
D'Foto vum Liewensmëttel ass dat eenzegt Bild um Kanal @world_record_egg. Wien dohannert stécht ass nach onkloer, d'Zil war dogéint vun Ufank u festgeluecht: E Weltrekord opstellen an d'Kylie Jenner, d'Social Media Queen schlechthin, iwwerhuelen.
"Loosst eis zesummen ee Weltrekord opstellen an dëse Post dee meescht-gelikten op Instagram maachen. Domat schloe mir den aktuelle Rekord, dee vum Kylie Jenner gehale gëtt (18 Milliounen)! Mir packen dat." - Mat dëse Wierder huet den Account seng Follower motivéiert, an dat huet geklappt: No insgesamt 10 Deeg haten se hiert Zil mat 23 Millioune Likes erreecht.
Natierlech huet d'Kylie Jenner och op seng Nidderlag reagéiert. Op Snapchat an Instagram huet de Reality-TV-Star e Video gepost, an deem hatt demonstrativ en Ee op de Buedem schléit. Eppes muss een dem Promi loossen, hatt hëlt di ganz Aktioun mat Humor: Ëmmerhin huet et de Post selwer geliked.