Datt Kanadier immens dankbar a manéierlech sinn, ass gewosst - ma awer iwwerraschen se elo nees mat hirer Generositéit.

An den USA huet e Méindeg de 24. Dag vum "Government Shutdown" ugefaangen. Dat heescht, datt et aktuell keng Sue ginn, well d'Regierung sech net ob ee gemeinsame Budgetsplang eenege konnt.

Deemno gëtt a villen Administratiounen a Ministère net geschafft: D'Employeure sinn doheem oder musse schaffe kommen, ouni awer bezuelt ze ginn. Zu dësen Employeuren zielen och ronn 10.000 Persoune vum Fluchpersonal.

Och si kréien de Moment keng Pai, an hei hunn d'Kanadier sech eng iwwerluecht: Well hir amerikanesch Kollege jo ouni Suen och näischt z'iesse kréien, schécken di kanadesch Fluglotsen Honnerte Pizzaen an d'USA, fir d'Amerikaner - trotz Shutdown - bei Laun ze halen.

Ufanks war et just de Fluchkontrollzenter am kanadeschen Edmonton, déi Sue fir Pizze gesammelt hunn, ma séier ass doraus eng Well vun der Solidaritéit entstanen. Op Twitter hat och déi kanadesch Vereenegung fir d'Loftkontroll geschriwwen, datt hinnen dëse Gest vun hirem Personal gefale géif.

An deem Sënn: e Gudden!