E Reesender hat probéiert eng Boa duerch d'Sécherheetskontroll vum Fluchhafen ze kréien, dat an deem s en d'Déier ganz no um Kierper gedroen huet...
Eng vun deene wuel bizaarste Schmuggelaktiounen 2018 huet sech um Fluchhafe Berlin-Schönefeld zougedroen. De Mataarbechter vun der Sécherheetskontroll war opgefall datt d'Box vun engem Mann komesch geformt war a sech wuel eppes dodra géif befanne wat am Normalfall net dohi gehéiert. De Virfall huet sech schonn Hellegowend ofgespillt, ma elo huet d'Haaptzollamt Potsdam matgedeelt datt et sech bei der Schmuggelwuer ëm eng 40 Zentimeter laang Schlaang gehandelt huet.
Den 43-Järege wollt mam Fliger an Israel, dat wéi et schéngt mat senger Boa, déi hien a uewen a senger Box, agepaakt an engem klenge Stoff-Sak, verstaut hat. D'Schlaang fir déi net déi néideg Dokumenter virlouchen, gouf an eng Reptilien-Opfangstatioun bruecht. De Mann erwaart elo eng Geldstrof.