Normalerweis gëllt "Cameltoe" als penibelt Mëssgeschéck, elo gëtt esou guer Ënnerwäsch ze kafen déi dës Kierperdeeler accentuéiert.

Ëmmer nees gesäit ee Biller an der Klatschpress, an deene weiblech Promien sech e moudesche Faux-Pas erlaabt hunn an Affer vum "Cameltoe-Effekt" gi sinn. Dat ass d'Bezeechnung dofir wa Kleedung d'Schamlëpse betount, eppes wat bis elo als penibele Malheur duerchgaangen ass.

An Asien gëllt "Cameltoe" awer net als Mëssgeschéck, ganz am Géigendeel: D'Betounung vun de weibleche Genitalien ass in! Fir dësen Effekt ze verstäerke ginn et esouguer extra Slippe mat engem agebitzte Silikon-Këssen. Fir dem Trend nozegoe muss een och net a speziell Butteker goen oder se online bestellen, vu Seoul bis Tokyo fënnt een dës ongewéinlech Ënnerwäsch praktesch iwwerall, wéi selbstverständlech nieft Push-Up-Soutienen oder Spëtzen-Bodien.

Viru puer Joer goufen d'Slippen ursprénglech als "Party Pants" op de Marché bruecht, ma haut stinn d'Vulva-Protheese fir eng nei, méi oppe geliefte Weiblechkeet. D'Zäite wou eng Fra sech fir Kleedung oder Kierperdeeler misst schumme sinn eriwwer, haut gëtt de Schamberäich souguer houfreg ervirgehuewen. Ma och Männer dierfen hir ënner Weiblechkeet ausliewen, och an hirem Rayon fanne sech esou Slippen.

Ob ee sech mat esou Ënneschtboxen elo méi wuel fillt oder ob een et weiderhi probéiert ze vermeiden, dat ass all Fra (a Mann) selwer iwwerlooss. Op alle Fall schéngt den Trend et elo bis eriwwer ze packen, ëmmerhin huet Amazon déi ongewéinlech Ënnerwäsch zanter neistem och am Sortiment.