D'Jugend vun haut - dat denkt sech elo vläicht deen een oder anere bei dëser Story...

Et gi vill, a virun allem seriö Grënn, d'Police ze ruffen: Et ass agebrach ginn, et gouf ee selwer Affer vun engem Déifstall, et ass en Accident geschitt an an an. Ma e jonkt Meedchen aus den USA huet awer och fonnt, datt him Onrecht gedoe ginn ass an et dat just mat Hëllef vun der Police kläre kéint.

Dat 16 Joer aalt Meedchen vun Ohio hat d’Police geruff well säi Papp him den Handy ofgeholl hat. De Grond fir dës Bestrofung war net dramatesch: D’Meedchen hat heemlech e Passwuert erstallt domat de Papp keen Accès méi op säin Handy huet.

Wéi d’Police dann op der Plaz war, hu si dem Meedche misste kloer maachen, dass hat am Onrecht war...