© Facebook Boo / Screenshot Eldoradio
De Boo hat op Facebook iwwer 16.000 Follower. E Samschdeg ass hien un "engem gebrachen Häerz gestuerwen", sou d'Besëtzer.
Den Zwergspitz Boo, deen op Facebook iwwer 16.000 Follower hat, ass e Samschdeg den Owend gestuerwen. Dat deele seng Besëtzer aus den USA mat. Hie wier am Alter vun 12 Joer gestuerwen, knapp e Joer nom Dout vu sengem beschten Hond-Frënn Buddy. "Mir mengen, datt säin Häerz gebrach ass, wéi de Buddy eis verlooss huet", sou d'Besëtzer.
De Boo war bekannt ginn, wéi d'Sängerin Kesha am Oktober 2010 op Twitter matgedeelt hat, si hätt en neie Frënd. An dësem Tweet hat si dem Boo säi Profil verlinkt.
Zënterhier gouf de Boo e richtege Marketing-Hond. Hie war bei TV-Shows a war d'Maskottche vun enger US-Airline. Och e Buch iwwer den Hond a Petzien mat sengem Numm hunn d'Besëtzer verkaf.