Iwwerraschung fir d'Pompjeeën zu Düsseldorf: wéi si d'Wunneng vun engem Patient verloossen, entdecke si ënner der Heizung eng 2 Meter laang Kinneksboa!

Zu Düsseldorf si Pompjeeën bei e Mann geruff ginn. Nodeems si sech ëm hie gekëmmert hunn, wollte si d'Haus verloossen. Dobäi hu si ënner der Heizung eng 2 Meter laang Schlaang entdeckt!

En Expert fir Reptilien gouf op d'Plaz geruff an huet d'Kinneksboa identifizéiert. Si gouf an den Natur- an Déierepark Brüggen bruecht. Si wier an engem gesonden Zoustand. Mat der Verletzung vum Mann hat si näischt ze dinn.