© dpa-AFP-Archiv-Armin Weigel
Zu Hamm an Däitschland gouf et ee méi kuriéisen Iwwerfall mat engem Püréierstaf. Um Enn ass den Täter mat Näischt geflücht.
Eng Fra wollt zu Hamm an Däitschland eng Spillhal iwwerfalen. Dobäi huet si sech richteg Gedanke gemaach wéi si do virgoe soll.
Um Enn ass si maskéiert mat engem Motorradshelm an d'Hal eragaangen. D'Waff déi si benotzt huet fir de Mataarbechter vun der Hal ze menacéiere war awer komesch gewielt. Si hat sech fir ee Püréierstaf entscheet.
Dat 56 Joer alt "Affer" huet sech wéineg beandrockt gewisen. Hien huet der Fra de Sak mam Püréierstaf ofgeholl a se aus der Spillhal geschéckt. Si ass dunn zu fouss geflücht.
D'Police ermëttelt wéinst versichtem Iwwerfall...