© Unsplash
Wéi annoncéiert ee sengem Kand datt een 11 Milliounen Euro am Glécksspill gewonnen huet? - Et iwwerreecht ee ganz feierlech... de Botter?!
Iwwert den éischte Jackpot-Gewënner am neie Joer war bis ewell nach net vill gewosst, just datt e ganzer 11 Millioune mat sengem Lotto-Schäi gewonnen hat, an datt et sech em e Spiller aus der Géigend vun Isère handele géif. Mëttlerweil ass dann erauskomm datt de Glécklechen e Pensionär vun Tignieu-Jameyzieu ass, deen zanter 43 Joer Lotto-Schäiner ausfëllt an ouni Erfollëg ofgëtt.
2019 huet et dann endlech geklappt an de Mann huet säin éischte richtege Gewënn gemaach. An dann och nach direkt déi zweethéchsten Zomm déi an dësem Lotto-Departement jee erausgaangen ass: 11 Milliounen Euro!
Zesumme mat senger Fra huet hie senger Duechter d'Noriicht vum Milliounen-Gewënn iwwerbruecht, dat allerdéngs net andeems si hatt schick ausgefouert hunn, him e Kaddo gemaach hunn oder et einfach eraus-posaunt hunn. D'Meedchen huet jorelaang de Geck gemaach datt, wa se endlech am Lotto géife gewannen, si sech Botter am Spinat kéinte leeschten.
Wéi et dunn endlech esou wäit war hunn d'Elteren sech also geduecht Neel mat Käpp ze maachen an hunn dem Kand en Teller voll Botter zerwéiert.
Och wann dës Informatioun un d'Ëffentlechkeet geroden ass, wëll d'Koppel weiderhin anonym bleiwen a mat hire Sue virun allem hire Kanner eng schéin Zukunft erméiglechen.