© Unsplash
Aus Versehen gouf de Falschen invitéiert, zougesot huet en trotzdeem an huet domat fir en ongewéinleche Party-Weekend an e ganze Koup Sue gesuergt...
De Will Novak aus Arizona war zimlech irritéiert, wéi hien per Mail op e Jonggesellenabschid vun engem Friemen ageluede gouf, mat engem Absender aus Vermont, engem Bundesstaat deen ongeféier 4000 km vu Will senger Heemecht fort läit.
Geplangt war e Weekend an engem Schi-Gebitt un der Nordküst vun de Vereenegte Staaten, dat fir engem gewëssen "Angelo" seng lescht Deeg an der Fräiheet ze feieren. Offensichtlech war d'Noriicht un de falschen Empfänger gaangen, mat de Wieder: "Ech hu keng Anung wien den Angelo ass. Ech sinn de Will Novak a wunnen zu Arizona. Vermont kléngt zimlech wäit fort fir e Jonggesellenabschid vun engem Typ deen ech nach ni gesinn hunn. Mee ofgesinn dovun: Natierlech sinn ech dobäi!", huet de Will op d'Invitatioun reagéiert. De leschte Saz hat hien eigentlech ironesch gemengt an huet sech keng Réckmeldung méi erwaart.
Spéider huet sech erausgestallt, d'Frënn vum Bräitchemann wollten eigentlech hire Kolleg de Bill Novak alueden an net de Will Novak. Et war also e ganz banalen Tippfeeler, dat huet d'Frënn awer net dovun ofgehalen d'Saach ofzehaken. Am Géigendeel: "Wann s du mengs mir maachen de Geck - maache mer net. Du kënns besser hei hin, well mir dech alleguer kenneléiere wëllen! Dat gëtt net just e Weekend deen den Angelo nimools wäert vergiessen, et gëtt och en Erliefnis dat dir laang an Erënnerung bleiwe wäert!".
E spontane Party-Weekend klengt zwar lackeleg ma fir bei där Aktioun dobäi ze sinn misst de Will eng Kéier queesch duerch d'Land fléien: En deiere Spaass also! Kuerzerhand huet hien eng "Gofundme-Campagne" gestart a wollt esou d'Reeskäschte vun 750 Dollar gespent kréien. D'Geschicht ass awer viral gaangen an esou krut hien am Endeffekt 4000 Dollar, just fir mat Friemen ze feieren.
Domat net genuch: Dem Will säin Trip huet sech ronderëm geschwat an esou hu sech nach weider Gënner ënnerwee fonnt. Am Schi-Gebitt gelant krut hien aplaz vum gelounten Auto e Maserati geléint, dat ganz ouni Opräiss. Vun der Brauerei gouf d'Jonggesellen-Equippe dann och nach mat gratis Béier versuergt. En Tippfeeler dee sech also fir béid Säite gelount hat: De Will gouf häerzlech empfaangen an zesummen hunn d'Männer en aussergewéinleche Jonggesellenabschid gefeiert.
D'Crowdfunding-Suen huet de Will iwwregens net verpolvert, wat vun der Rees iwwreg bliwwen ass huet hien dem Angelo an deem senger Verloobter geschenkt. An eng Léier huet en och nach doraus gezunn: "Wa sech eng Dier opmécht, géi einfach duerch! Du bereis just wat s de net gemaach hues, net déi Geleeënheeten déi s de wouer geholl hues!".