Mat "Eis Jongen zu Salisbury" hunn 2 Russen e Wierfelspill vun enger ganz besonnescher Zort erausbruecht...

Eng "humoristesch Reaktioun" op d'"Russophobie" déi vum Westen aus kënnt - Esou hunn déi 2 Russen hiert Brietspill "Eis Jongen zu Salisbury" erkläert.

Am Wierfelspill ginn d'Participanten op Europa-Rees geschéckt, vu Moskau bis Salisbury. Op hirem Wee leeën d'Spiller dann déi selwecht Stréck zeréck, wéi d'GRU-Agenten, déi d'Gëft-Attack op den eemolege russeschen Duebelagent Sergej Skripal solle lancéiert hunn.

Op d'Fro vun "The Guardian", ob d'Spill aner Natiounen (virun allem d'Briten) beleidege kéint, hunn d'Hiersteller geäntwert datt dat net hiert Zil wier. Am Géigendeel, si wéilten hir Landsleit ënnerstëtzen, déi duerch dës Situatioun mat Viruerteeler ze kämpfen hätten.