Zu Brisbane an Australien huet sech eng Fra op d'Toilette gesat a gouf vun enger Schlaang an den Hënner gebass..

Wann een op d'Toilette geet, erwaart een sech net enger Schlaang ze begéinen. Zu Brisbane an Australien ass awer genee dat enger Fra geschitt. Si wollt op d'Toilette goen a gouf vun enger annerhallef Meter laanger Python-Schlaang an den Hënner gebass. Schwéier blesséiert gouf d'Pensionistin net, just eng Stéchwonn.

D'Fra hat d'Schlaang net an der Toilette leie gesinn. Ufanks duecht se och et wier ee Fräsch dee si gebass hätt, bis si gesinn huet wat wierklech an der Schossel loung...

Déi net gëfteg Schlaang war wuel an der Toilettëschossel fir sech vun der Hëtzt am Toilettëwaasser ze "erhuelen". An Australien sinn de Moment jo Temperaturen iwwer 40 Grad. Wahrscheinlech huet sech d'Schlaang erschreckt wéi d'Fra koum an huet aus Angscht zougebass.

D'Fra ass zum Gléck roueg bliwwen an huet net Waasser gezunn, sou dat der Schlaang dann och näischt geschitt ass.