A Bayern huet ee Raiber d'Hänn vun enger Verkeeferin un een Dësch festgepecht, nodeems hie si gezwongen huet de Safe opzemaachen.

Mat engem "Sekonne-Pech" huet a Bayern ee Raiber d'Hänn vun enger Verkeeferin un een Dësch festgepecht, fir si dorunner ze hënneren d'Police ze ruffen.

Déi 52 Joer al Mataarbechterin vun engem Kleedergeschäft zu Ingolstadt hat e Mëttwoch de Muere virum Opmaache vum Geschäft dem Mann d'Dier opgemaach. Si war dovunner ausgaangen et géif sech ëm ee vun de Mataarbechter handelen, heescht et vun der däitscher Police.

De Mann dee maskéiert war an eng Pistoul dobäi hat, huet d'Fra gezwongen de Safe opzemaachen. Hie konnt mat ronn 2.000 Euro flüchten. Vum Täter feelt all Spuer.