© pexels.com
E Mann huet wärend dem Jogge séier missen op d'Toilette. Wéi hien en Auto ouni Chauffer gesinn huet, huet hien den Auto geholl fir heem ze fueren.
Zu Bad Neustadt an Däitschland hat eng Fra e Freideg de Mueren de Motor vun hirem Auto waarm lafe gelooss an ass an d'Haus gaangen. Wéi si zeréck komm ass, war den Auto fort. Si ass dovunner ausgaangen dat den Auto geklaut gouf an huet d'Police geruff.
Et huet sech erausgestallt, dat een 18 Joer ale Mann hiren Auto geklaut huet, schreift ënner anerem de Bayrischer Rundfunk. De jonke Mann sot deemno géintiwwer der Police, dat hie wärend dem Joggen op eemol ganz séier op d'Toilette misst goen an huet dofir den Auto geklaut.
De Mann hat den Auto, nodeems hien annerhallwe Kilometer domadder heem gefuer ass fir op d'Toilette ze goen, zeréckbruecht wou d'Police schonn nom Täter gesicht huet.
Och wann hien den Auto zeréckbruecht huet, muss hie sech elo wéinst dem onerlaabte Benotze vun engem Auto wéi och Fueren ouni Führerschäi virun der Justiz veräntwerten...