Biller vu Leit, déi op hirem leschten Aarbechtsdag mat de Mëttelfanger an der Luucht erausgi si veraalt, elo mécht ee säin Ofgang als Superheld...

Wien dreemt net heiansdo dovun einfach opzestoen, bei de Chef ze goen a säin Job ze kënnegen?! Dozou gehéiert dann natierlech och e grandiosen Ofgang, sief dat ënner Tréinen, mat de Mëttelfanger an der Luucht oder mat Tamm Tamm eraus ze stolzéieren. Wiem dës Virstellung awer net extra genuch ass, deem gefält d'Strategie vun engem Bankmann aus Brasilien villäicht nach besser.

An engem Video deen aktuell ëm d'Welt geet ass e Mataarbechter vun enger Bank ze gesinn, deen an engem Spiderman-Kostüm duerch de Büro spadséiert. Leider schafft de verkleete Mann net am direkte Kontakt mat de Clienten, hannert de Kulissen haten d'(Ex-) Kollegen allerdéngs och vill Spaass mam Spidey. Wéi wann d'Verkleedung net genuch wier, verdeelt de Superheld och nach Kaddoen a Séissegkeeten un déi aner Leit am Büro.

A verschiddenen Instagram-Posts a Storyen ass dann ausserdeem ze gesi wéi de Mann et sech op engem Pult gemittlech mécht oder a sengem Kostüm, wéi wann et dat normaalst vun der Welt wier, virum Computer sëtzt a senger Aarbecht nogeet. Et ass wuel déi bildlechste Beschreiwung dovu wéi egal dem Mann säi leschte Schaffdag ass.

Amüsant war et op alle Fall, bleift just nach d'Fro op hien einfach e risegrousse Fan ass oder eng Wett verluer huet. Villäicht wëll e jo och seng Bank-Carrière komplett opginn an elo Superheld ginn oder ass en tatsächlech vun enger radioaktiver Spann gebass ginn? D'Méiglechkeete sinn endlos - Wann der also äre leschten Aarbechtsdag nach virun iech hutt a wëllt datt déi aner genee esou ratlos bleiwen, da vill Spaass beim Kostüm eraussichen.