© Pexels
E jonke Mann a Frankräich hat sech en extra cleveren Trick iwwerluecht fir d'Konsol net mussen zum volle Präis ze bezuelen, illegal war d'Aktioun trotzdeem
E zimlech gewieften Déif a Frankräich hat eng Playstation op d'Wo fir Uebst a Geméis geluecht an dofir just 9,29 bezuelt, aplaz de legalen 340 Euro. De 19-Järegen hat mat der falsch etikettéierter Wuer einfach eng Self-Service-Keess ugesteiert, wéi di regional Medie beriichten.
Den Trick huet zwar funktionéiert an den Teenie konnt säi Schnäppche mat heem huelen ouni erwëscht ze ginn, all ze laang doriwwer freeë konnt e sech awer net. Hien duecht sech "wat eng Kéier klappt, geet och eng zweete Kéier gutt" an huet déi selwecht Method bei enger méi grousse Supermarché-Chaîne probéiert. Dës Kéier gouf en dunn awer op frëscher Dot ertappt.
Um Police Büro huet de Mann du gebeicht datt en déi éischt Konsol scho fir 100 Euro viru verkaf hätt well en e Billet fir a seng Heemechtsstad Nice wollt kafen. Gehollef huet him dës Erklärung awer net, hie gouf fir 4 Méint Prisong op Bewärung veruerteelt.