© Facebook Screenshot
Eng Mamm hat Angscht datt keen hiert Bild appreciéiere géif, doropshi gouf d'Beweegung "Paint it forward" an d'Liewe geruff.
Op enger Säit, op där registréiert User Diskussioune féiere kënnen, huet e Jong eng Foto vu senger Mamm an hirem Konschtwierk gepost. Am Titel verréit hien der Community datt et senger Mamm hiert 2. selwer gemoolte Bild wier a si Angscht hätt datt et kengem géif gefalen. Aplaz der Mamm duerch Komplimenter Bestätegung ze ginn, hat een d'Iddi d'Bild op eng ongewéinlech Manéier an Zeen ze setzen.
Ee User vun der Websäit huet d'Foto vun der Mamm an hirem Konschtwierk 1 zu 1 ofgemoolt a sech du mat sengem Wierk fotograféiere gelooss. Domat huet d "Inception" awer net opgehalen: Eng aner Kënschtlerin huet dës Foto dunn nees mat Faarwen op Pabeier bruecht a sech domat op e Neits ofliichte gelooss. Esou ass d "Paint it forward"-Aktioun dunn ëmmer weider gaangen an am Endeffekt si Biller entstanen an deenen onzieleg aner Konschtwierker dra verstoppt waren, dat an deene verschiddenste Stiler a Faarwen.