© Pexels.com
Zu Salzburg an Éisträich ass ee Mann mat sengem Gefier op eng Schi-Pist gelant an ass de Bierg erofgerutscht.
An Éisträich huet d’Police net schlech gestaunt wéi se huet missten op eng Schi-Pist agräifen nodeems een Automobilist mat sengem Gefier de Bierg erofgerutscht ass.
D’Gefier ass eréischt eng 50 Meter méi spéit un d’Stoe komm. Zum Gléck ass kee blesséiert ginn.
Et huet sech erausgestallt datt de 46 Joer ale Mann vill ze vill gedronk hat. De Promill-Stand louch iwwregens bei 1,5. De Chauffer krut de Führerschäin nach op der Plaz ewechgeholl.