E Sonnden den 3. Februar gëtt zu Atlanta an den USA de Superbowl gespillt. Ënnert de Cheerleader sinn zwee Männer mat dobäi! 

An der Finall vum American Football sti sech d’New England Patriots an d’LA Rams géigeniwwer. Traditionell dierfen do d’Cheerleader och net feelen, mee dës Kéier, maache fir d’éischte Kéier och zwee Männer mat. Historesch also. Milliounen Zuschauer wäerten dann dem Quinton Peron an dem Napoleon Jinnies nokucke wéi se op der Säit vum Terrain d’Zuschauer unheizen.