Wellness fir Männer! Den 3. Februar ass den Dag vun der männlecher Kierperhygiène. Jo sou een Dag gëtt et wierklech...

Wie gemengt huet esou eppes géif et just fir Fraen ginn, deen iert!

Beim 3. Februar geet et haaptsächlech dorëms, dass et och de Männer zousteet, hiert Ausgesinn fräi no hirem Goût ze veränneren. Dofir dierfe si natierlech - sou wéi d'Fraen och, zu alle Mëttele gräifen.

Bekannt gouf dësen Dag ënnert dem engleschen Numm "National Men`s Grooming Day", an den USA.

Grad nom zweete Weltkrich haten d'Männer hir Kierper-Hygiène vernoléissegt, a waren dofir méi ufälleg fir Parasitten an aner Krankheeten.

Haut ass dat Gottseidank net méi de Fall.

Wat et fir d'Fraen gëtt, gëtt et meeschtens och fir Männer.  Deo, Hoerfaarwe, Stylingproduiten, a sou weider.

A wa mer éierlech sinn: Mir sinn och ganz frou doriwwer, dass och d'Männer sech ongenéiert fleegen dierfen!