Mat dësem Slogan fir Bagels an Donuts huet den Discounter sech keng Frënn gemaach...

Mat dem Slogan "Loch ist Loch", iwwersat Lach ass Lach, wollt Lidl op hirer Facebook-Säit fir hir hauseege Bagels an Donuts werben. Am Endeffekt huet den Discounter sech domat awer just e risege Shitstorm agehandelt. Um Bild waren zweeërlee Hief-Gebäck mat jeeweils engem Lach an der Mëtt ze gesinn, wärend an der Iwwerschrëft stoung "Donuts & Bagel schmaache béid. Ob séiss oder häerzhaft".

D'Ausso um Bild selwer huet allerdéngs fir Roserei gesuergt, well vill Leit de Sproch "Loch ist Loch" als sexistesch an ofwäertend empfonnt hunn. Och wann et hei em Gebäck geet, bedeit de Slogan sou vill wéi "egal mat wéi vill/ wéi enge Fraen ee geschlof huet, Haaptsaach et hat ee Sex". Vill Facebook Notzer hunn d'Reklamm genee esou wouer geholl an déi zweedeiteg Ausso net ubruecht fonnt. Dat huet sech dunn natierlech och op d'Kommentaren ënnert dem Post ausgewierkt.

D'Social Media Team vu Lidl huet d'Kritik ufanks net eescht geholl an huet mat GIFs reagéiert fir dat Ganzt an d'Lächerlecht ze zéien. Um Sonnden Owend huet den Discounter dunn awer d'Konsequenze gezunn an huet de Facebook Post geläscht. En offizielle Statement gouf et dunn trotzdeem nach a Lidl huet sech bei all deenen entschëllegt déi sech verletzt gefillt hunn, kontrovers Diskussiounen ënnert hirer Reklamm wéilten se esou trotzdeem net weider féieren.