Dir wollt schonn ëmmer deel vun de Royals ginn, dann ass dësen Job villäicht genee dat Richtegt fir iech.

Am englesche Palais gëtt en neie Butler gesicht, deen der royaler Famill am Alldag a bei hiren Eventer hëllefe soll. Dir wäert interesséiert, hutt awer guer keng Erfarung an dësem Beräich? Kee Problem, soulaang der den néidegen Interessi an de Wëllen nei Saachen ze maache matbréngt, steet iech näischt am Wee.

Niddreg Uspréch fir en héije Posten, do stellt sech d'Fro: Gëtt dann net nëmmen dat Bescht vir d’Queen erwaart? Nee, gëtt op alle Fall gesot, dat royalt Haus sicht een deen een ausbilde kann a soulaang d’Bewerbung stëmmt, steet dem Dram vum Liewen a kinneklecher Gesellschaft näischt méi am Wee.

Eng Iwwerleeung wier dëse royale Poste scho wäert, ma wierklech kinneklech ass de Salaire dann awer net: Nëmme ronn 23.000 Euro d'Joer géing d’Kinneksfamill bezuelen. Dofir ass da wéinstens d’Verfleegung am Alldag inklusive, majo dann: Long live the Queen...