Supermodels wéi d'Gigi Hadid oder Gisele Bündchen sti bei der Agence IMG ënner Vertrag, ma elo gehéiert och d'Iris Apfel zum Repertoire.

Och wann d'Iris Apfel scho 97 Joer al ass, denkt si nach guer net dorun an d'Pensioun ze goen. Ganz am Géigendeel: An Zukunft kéinte souguer nach méi Projeten op si duer komme well d'New Yorkerin elo bei der renomméierter IMG ënner Vertrag steet. Ganz onerfueren ass d'Iris zwar net, ganz eleng huet si sech Werbe-Deals fir Kate Spade a Mac Cosmetics u Land gezunn. Bei enger Agence an der Kartei ze sinn, dat ass awer eng ganz nei Erfarung fir déi 97-Järeg.

"Ech hätt net geduecht, datt mäi Liewe sech nach eng Kéier esou verännert", huet d'Iris dem Magasinne "Women's Wear Daily" verroden. Bei der Agence sinn ënnert anerem Supermodels wéi d'Gigi Hadid, d'Kate Moss an d'Gisele Bündchen ënner Vertrag.

A Punkto Modelen am Alter a Pensioun huet d'New Yorkerin eng kloer Meenung: "Ech denken net datt eng Zuel definéiere sollt, ob ech schaffen oder net. D'Pensioun ass méi schlëmm wéi den Dout". Fir d'Iris Apfel ass d'Schaffen deemno net just Aarbecht mee eng reegelrecht Passioun, eng déi elo duerch d'Management vun der Agence nach méi wuesse kann. Op de Runway wëll déi 97-Järeg allerdéngs net, dat wéilt si léiwer hire jonke Kolleginnen iwwerloossen.