© VLADIMIR SIMICEK / AFP
Wëssenschaftler kritiséieren, datt d'Facebook-Säit vum Angela Merkel komplett geläscht gouf. Si hätt misse fir d'Geschicht erhale bleiwen.
Wéi de SPIEGEL mellt, kritiséieren däitsch Wëssenschaftler datt d'Facebook-Säit vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel komplett geläscht gouf. D'Facebook-User kéinten d'Säit an och d'Bäiträg net méi gesinn.
D'Wëssenschaftler sinn der Meenung, datt d'Säit nach hätt siichtbar op Facebook solle bleiwen. Geläscht wier d'Facebook-Säit fir spéider Historiker net méi zougänglech. Dat wier awer fir spéider Historiker wichteg, fir ze erkennen, wat eis haut beweegt.