An Dänemark huet d'Police aus der Regioun Jutland en Zeienopruff lancéiert. Näischt Aussergewéinleches ausser, datt et hei e Känguru ass dat vermësst gëtt.

Di dänesch Police huet en Zeienopruff lancéiert. Vermësst gëtt e Känguru, esou d'Police um Sonndeg op Twitter. Um sozialen Netzwierk hunn si de Public ëm Hëllef gefrot.

Beim Känguru handelt et sech ëm en Wallaby-Känguru. D'Déier soll sech aus privaten Hänn duerch d'Bascht gemaach hunn.

E Policespriecher vun der Police Henrik Sønderskov sot der Télé TV2, datt d'Déier vun enger privater Adress geflücht ass um Samschdeg Owend géint 20:00.

Et wier net déi éischte Kéier an dëser Regioun vu Dänemark, datt e Känguru en Tour wollt spadséiere goen. Am Juli 2018 war och schonn en Déier fir en hallwen Dag verschwonne gewiescht.

Hoffe ma, datt de Känguru schnell fonnt gëtt.