An der klenger Stadt Lauchringen a Baden-Württemberg gouf e Samschdeg en neie Rekord opgestallt: 2762 Schlumpfen hu sech do versammelt!

An der Stad Lauchringen am däitsche Baden-Württemberg gouf en neie Rekord opgestallt. 2762 Persounen am Schlumpfe-Kostüm hu sech do versammelt.

Wéi den Organisateur Dä Traditionsverein matdeelt, soll den Erléis vum Event fir de gudden Zweck gespent ginn.

Bis elo louch de Rekord bei 2510 Schlumpfen. Dëse Rekord gouf 2009 am waliseschen Swansea opgestallt. Am Joer 2016 hat d'Stad Tiengen an Däitschland scho probéiert, dëse Rekord de iwwerbidden. Dat war awer net gelongen.

RTL

© CONSTANT FORME-BECHERAT / AFP

RTL

© CONSTANT FORME-BECHERAT / AFP