© Twitter Feuerwehr München (Screenshot Eldoradio)
D'Pompjeeën zu München haten de Samschdeg en ongewéinlechen Asaz: Si hu gehollef, den Tsavo vum Déierendokter ënnersichen ze loossen!
E Samschdeg haten d'Pompjeeë vu München en éischter ongewéinlechen Asaz. D'Nashorn Tsavo vum Circus Krone huet missen ënnersicht ginn. A fir datt d'Déierendokteren eng Mo-Daarm-Ënnersichung beim zwou Tonne schwéieren Déier konnte maachen, hunn d'Pompjeeë gehollf, den Tsavo héichzehiewen. Dofir hu se Gurter un dem Nashorn säi Kierper befestegt a Loftkëssen ënnen drënner ze leeën.
Doduerch konnt d'Nashorn ënner Narkose gehuewen a gedréint ginn, wann dat néideg war. No der Mo-Daarm-Ënnersichung hunn d'Pompjeeën och gehollef, dem Tsavo säi Maul opzemaache, fir datt seng Zänn kënne kontrolléiert ginn.
Wéinst enger Krankheet hat dat 45 Joer aalt Nashorn an de leschten zwee Méint schonn 300 Kilo ofgeholl. Et gi weltwäit nëmmen nach ganz wéineg Breitmaulnashörner, wéi den Tsavo eent ass.