Eng britesch Firma verlount Wunnengen an der Filmlocation, wie sech dat leeschte wëll muss awer wuel fir d'éischt Gringotts iwwerfalen.

Am Festsall feieren, an deem den Harry, de Ron an d'Hermine all Dag giess hunn? Am selwechte Büro sëtzen an deem och den Albus Dumbledore geschafft huet? Oder seng Hänn do wäsche wou d'maulende Myrte säin Onwiese gedriwwen huet? Dat ass elo méiglech, wann ee genuch gespuert huet.

Eng britesch Immobiliëfirma verlount elo Wunnengen am "Royal Connaught Park", der Location an där d'Harry Potter Filmer deelweis gedréint goufen, fir genee ze sinn Zeenen aus Hogwarts. D'Plaz war fréier d'Royal Masonic School for Boys, eng Privatschoul, déi nordwestlech vu London louch. Nodeems d'Schoul zougemaach gouf ass d'Gebai opwänneg renovéiert ginn a schliisslech si Wunnengen draus entstanen.

An den ale Schoulmauere goufen 3- a 4-Zëmmer-Wunnengen ageriicht, esou d'Säit "rightmove" an hirer Annonce. Ausserdeem gëtt et e Pool, Tennisplazen, e Sportraum an e Concierge. An eben déi ganz besonnesch Hal, déi een elo och fir Partyen an Hochzäite loune kann: Den Hogwarts Festsall!

De Sall vum "Royal Connaught Park" gouf fir déi éischt 3 Harry Potter Filmer als Kuliss genotzt. Ausserdeem gouf den zentralen Tuerm vum Terrain an dem Dumbledore säi Büro ëmgewandelt, dat fir de 5. Deel vun der Geschicht.

Allerdéngs sinn d'Wunnengen am echten Hogwarts net grad bëlleg: Wie sech eng 3-Zëmmer-Wunneng mat Balcon wëll leeschte muss ëmgerechent 2500 Euro am Mount ausginn, eng 4-Zëmmer-Wunneng kascht ronn 3300 Euro am Mount. D'Immobiliemakler schénge sech dees bewosst ze sinn a riichte sech mat hirer Annonce direkt un "Harry Potter Fans mat genuch Knuts, Sickelen a Galleonen". Majo dann...wou ass de nächste Gringotts?!