© Unsplash
Op der Folly Farm a Süd-Wales huet ee sech dozou entscheet de gealterte Fauldéieren en Doheem ze ginn an deem si ganz entspaant hir lescht Jore verbréngen.
Anescht wéi aner Zooen huet d'Folly Farm sech dozou decidéiert keng jonk Déieren opzehuele fir mat léiwen Déiere-Bebéë Visiteuren unzelackelen, si adoptéiere just d'Senioren. Also déi Fauldéieren, déi an hirer Zoo-Carrière a Pensioun gaange sinn an elo en neit Doheem brauchen.
Zwee Fauldéier hu se schonn an hir Fleeg geholl: Ee Männche mam Numm Tupee,24, an e Weibchen namens Lightcap, 34. Mat stolze 34 ass d'Lightcap iwwregens dat 5 eelste Fauldéier, wat hei an Europa an engem Zoo lieft.
Op der Farm soll déi natierlech Liewensweis vun de souwisou scho faulen Déieren dann och nach verstäerkt ginn, fir déi lescht Deeg vun de Senioren net nëmmen ze verschéinere mee och fir hir Liewenserwaardung ze verlängeren. Esou kréien d'Déieren, wéi och d'Mënschen an engem normalen Altersheem, speziellt Iessen an Aktivitéiten ugebueden. Déi zwee Fauldéieren, déi bis elo schonn de gemittlechen Alldag vun der Folly Farm genéissen, kënne sech also op e laangt Liewe freeën.
A ganz éierlech wie vun eis huet bei dësem Angebot net och iergendwéi Loscht drop kritt dat Altersheem an dës ganz speziell Senioren ze besichen.