© Pixabay
Jorelaang hunn d'Nopere sech wéinst engem Bootshaus bekricht, dunn huet een et ofgefackelt. Ganz clever huet de Brandstëfter sech dobäi net ugeluecht...
Zu New Richmond a Wisconsin gouf et jorelaang Sträit wéinst engem Bootshaus, dat um Ufer vun der Noperschaft louch. D'Majoritéit vun de Bewunner huet fonnt et géif einfach net méi an d'Ästhetik vun der Noperschaft passen a war dofir et ofrappen ze loossen. De Proprietär Wallace Cudd hat sech allerdéngs geweigert säi Besëtz einfach esou lasszeginn, respektiv et renovéieren ze loossen.
Aplaz dëse Choix einfach ze acceptéieren oder weider drop ze waarden datt sech dat ganz rechtlech kläert, huet de 55-järege John Michael Haag d'Affär léiwer a seng eegen Hänn geholl. Den Zänndokter huet d'Bootshaus kuerzerhand ugefackelt. Dat hat en natierlech net einfach esou zouginn, ëmmerhin hat dëse sech erhofft datt de Problem sech komplett a Flamen géif opléisen. Ma deem war net esou: De Mann hat sech nämlech e bësse blöd ugeluecht. Bausse louch Schnéi an esou konnt d'Police ganz einfach d'Foussspuren am Schnéi verfollegen an se op de 55-Järegen zréckféieren. Op Grond vun de Beweismaterialer gouf dat Ganzt séier opgekläert an den Zänndokter gouf ugeklot. 40 Joer Prisong an eng Geldstrof vun 100.000 Dollar stinn him elo bevir.
D'Ironie un der Geschicht: De Besëtzer hat den Zoustand vu sengem Bootshaus mëttlerweil och bemierkt an agesinn. Eegenen Aussoen no war hie schonn a Kontakt mat enger Firma fir d'Bootshaus ofrappen ze loossen, an dat nach dëse Wanter. Dat hëlleft dem Zänndokter hanner Gitter awer elo och net méi, genee esou wéineg wéi de Fakt datt een aneren Noper dat ganzt nach ënnerstëtze wollt an den Noper um Feier läschen gehënnert hat.