An Australien dierfen Automobilisten hir Autosplacken mat Emojien personaliséieren.

Vum 1. Mäerz dierfen Automobilisten am australesche Bundeststaat Queensland hir Autosplacken mat Emojien personaliséieren. Automobilisten kënnen fir bis zu 500 australesch Dollar tëscht de Smileyen "haart Laachen", "Zwinkeren", "Sonnebrëll", "Häerzaan" oder "Schmunzelen" wielen. Dat mellt den Noriichtesender CNN. D'Placketten brauchen zousätzlech awer trotzdeem ëmmer nach dräi Buchstaarwen an zwou Zuelen.

D'Spriecherin vum Royal Automobile Club of Queensland, Rebecca Michael sot CNN, Emojien wieren eng logesch Erweiderung vun de personaliséierte Placketten. Schliisslech wier et schonn elo méiglech, säin Liiblingsteam oder seng Liiblingsstad mat engem Symbol um Nummereschëld z'ënnerstëtzen.