© MANDEL NGAN, Korea Summit Press Pool / AFP / Korea Summit Press Pool
Un de Säite kuerz wéi beim Kim Jong un oder léiwer blond wéi den Donald Trump? A Vietnam goufen et déi Politiker-Looks gratis.
Nächst Woch sollen den US-President Trump an de Muechthaber vu Nordkorea Kim Jong Un am Vietnam openeen treffen. Am Virfeld vum Sommet zu Hanoi bitt e vietnamesesche Coiffeur mam Numm Le Tuan Duong senge Clienten eng gratis Coiffure un, allerdéngs just wann dës sech dozou bereet erklären sech am Politiker Look stylen ze loossen.
De Choix leit also tëscht kuerz raséiert op de Säiten, wéi de Kim Jong Un et virmécht, oder blond toupéiert, woufir den Trump jo quasi berühmt ass. Den Trend geet awer kloer a Richtung Nordkorea-Look: 200 Kim-Coiffuren huet de Le Tuan Duong dës Woch geschnidden, fir d'Trump-Friese hate sech dogéint just 5 decidéiert.
Dobäi kéinten d'Cliente virun allem bei der US-Frisur spueren, am Normalfall berappt een hei fir d'blondéieren ëmmerhin ëmgerechent 38 Euro, an dat an enger Stad an där Hoerschneide am Duerchschnëtt just e puer Dollar kaschten. Firwat ee virun esou enger Coiffure zeréckschreckt, och wa se gratis ass, dat kann een dann allerdéngs trotzdeem nozevollzéien.