© Eldoradio
All Kand aus den 80er an 90er ass mat "Super Mario Bros" opgewuess - Ma d'Spill léisst mëttlerweil net nëmme Nostalgie mee och e Verméigen aus...
Alles kënnt zréck, virun allem d'90er sinn den Ament richteg am Trend. Ma genee esou ass et och bei ale Videospiller: Net nëmmen Nostalgiker freeë sech iwwert de Comeback vu Kultspiller, doriwwer eraus gewannen dës ëmmer méi u Wäert. De Präis deen elo bei enger Auktioun zustane komm ass, deen erstaunt awer souguer déi gréisste Retro-Gamer.
Am Auktiounshaus "Heritage Auctions" an den USA hate sech 3 Keefer zesumme gedo fir eng besonnesch Versioun vum Nintendo Klassiker "Super Mario Bros" ze ergatteren, dat fir ganzer 100.150 US-Dollar. D'Cartridge, déi sech an engem impécablen Zoustand befënnt, gehéiert zu de wéinegen Exemplaren, déi Enn 1985 op de Marché komm ass. Usprénglech gouf dës Versioun just fir Test- an Demo-Zwecker un d'Händler verdeelt an ass dowéinst mat engem besonnesche Sticker-Sigel op der Uewesäit gekennzeechent. Deemno ass dës Ausgab eng ganz seelen an zimlech begehrt ënnert de Sammler.
De bisherege Rekordhalter vun den déierste Spiller weltwäit war eng net grad esou gutt erhale Kopie vun "Nintendo World Championship", heivir goufen allerdéngs "just" 100.088 Dollar op den Dësch geluecht. Wien awer elo op d'Iddi komme sollt seng al Nintendo-Spiller duerchzewullen, kann dëst zwar roueg mol probéieren, esou ee seelene Fond mat Sticker-Sigel ass allerdéngs wierklech eng Ausnahm. Normal al Moduler vu "Super Mario Bros" kritt een da schonn fir 30-40 Euro.