© Twitter Screenshot
Mat engem aussergewéinleche Message hat e Pilot den Himmel iwwer Adelaide verziert. De Grond: Langweil iwwert de Wolleken.
Op de Radare vun de Kontrolleuren nördlech vun Adelaide am Süde vun Australien ass den Dënschden en ongewéinleche Message opgedaucht: "I'm bored", iwwersat mir ass langweileg, stoung um Himmel. D'Botschaft koum vun engem Pilot, dee säi Fluchmotor teste wollt.
3 Stonne soll de Pilot fir säi Konschtwierk gebraucht hunn: Ëmmerhin huet hien nieft säi Message och nach zwee Penisse gekrozelt. Vun ënne war d'Schrëft, genee esou wéineg wéi d'Biller, ze gesinn, just d'Kontrolleure konnte sech drun erfreeën.
De gelangweilte Loftkënschtler ass iwwregens bei wäitem net deen eenzegen dee mat senger Fluchroute och mol eng Botschaft an den Himmel zeechent.