© Pexels
Zu Sundern an Däitschland ass eng alkoholiséiert Fra an e Reklamm-Plakat fir Mineralwaasser gefuer. Hire Führerschäi gouf agezunn.
Zu Sundern an Däitschland ass eng alkoholiséiert Fra an e Reklamm-Plakat fir Mineralwaasser gefuer. Dat huet d’Police e Sonndeg matgedeelt. Déi 21-Järeg huet d’Kéier net richteg hikritt an ass mat hirem Auto an d‘Plakat gerannt. Hire Führerschäi gouf agezunn an et koum zu 13.000 Euro Materialschued.