Enger Etüd vun der Zürecher Héichschoul fir ugewannte Wëssenschaften no hunn ëmmer méi Leit Angscht virum telefonéieren. Mä firwat ass dat esou?

All drëtte Jugendlechen tëscht 12 a 19 Joer benotzt d'Uruff-Funktioun um Smartphone net méi. Dëst geet aus enger Etüd ervir, déi d'Zürecher Héichschoul fir ugewannte Wëssenschaft lancéiert hat.

De Philippe Wampfler, Expert fir d'Léiere mat neie Medien, weess sech dëst Phänomen ze erklären.

Déi méi jonk Generatioun ass mat aneren digitale Medie sozialiséiert ginn an ass dowéinst net méi op d'Telefonéierfunktioun ugewisen. Dat onangenehmt Waarde bis een op der anerer Säit den Telefon ophieft, souwéi d'Reaktioun, schrecken éischter nach of.

An Textnoriichte kann ee méi oppe sinn, well een d'Reaktioun vum Géigeniwwer net fäerte muss. Dës Fräiheet gëlt natierlech och fir Sproochnoriichten. Hei kann d'Persoun géigeniwwer sech Zäit loossen, iert se op d'Noriicht reagéiert. Dëst gesi vill jonk Leit als méi komfortabel un. Negativ Emotiounen an d'Angscht, eppes Falsches ze soen, ginn esou reduzéiert.

Dass d'Telefonéieren allerdéngs ganz verschwanne wäert, dat bezweifelen d'Experten - Sou ass d'Telefonéieren u sech awer nach eng méi intim Form vu Kommunikatioun an ass virun allem wichteg fir Bezéiungen.

Fir déi Leit, déi da wierklech richteg Angscht virun Telefonater hunn, hunn d'Experten nach puer Rotschléi parat:

Et kann een sech zum Beispill op d'Gespréich preparéieren a sech virstellen, wat am beschten - a wat am schlëmmste Fall - passéiere kéint. Och soll een net versichen, d'Situatioun ze vermeiden, an d'Gespréich duerno reflektéieren.