De Juncker huet et nees gemaach: wärend enger Ried mat senger Fra telefonéiert! Net déi éischte Kéier, mä ëmmer nees witzeg.

"It was the usual suspect" - dat sot den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker e Méindeg wärend enger Pressekonferenz um Sommet vun der EU an der arabescher Ligue, wou hie grad eng Ried gehalen huet.

Mat "It was the usual suspect" huet de Lëtzebuerger seng Fra gemengt. Déi huet nämlech wärend der Konferenz ugeruff an den Handy war net op lues gestallt. De Juncker huet et wéi sou dacks mat Humor geholl an ass kuerz op den Telefon gaangen an huet senger Fra gesot, datt hie grad op enger Pressekonferenz ass an huet dunn agehaangen.

Kuckt hei de Video: