Dacks huet een Iddien am Kapp, déi eigentlech ganz gutt klengen... bis d'Realitéit een anhëlt.

Bësse manner Gléck hat een 28-Järege Mann zu Sydney. Hien hat  knapp 273 Kilo Meth a sengem Auto verstoppt. En hat awer wuel kaum domat gerechent, dass e mat dem Auto arenne géif. Nach méi blöd gëtt dat ganzt wann een a geparkt Policeautoe rennt. Dat ganzt virun enger Policestatioun.

De Mann konnt bësse méi spéit vun de Beamten op senger Flucht gestoppt ginn. Wou séin Auto ënnersicht ginn ass, konnten d’Beamten hiren Aen net gleewen: 13 Këschte mat jee 21 Kilo Meth am Wäert vu ronn 200 Milliounen Australeschen Dollar waren hanne verstoppt ginn. Hie kënnt elo op d’Geriicht a muss sech fir seng Dot veräntwerten.