An Holland gëtt Streesalz agesat fir d'Stroossen ze killen.

Temperaturen ëm déi 40 Grad: Europa schweesst a kämpft mat der Hëtzt - a wat maachen d'Hollänner?

Si schécke Streeween op d'Strooss, kee Witz!

U sech fueren d'Streewee jo am Wanter eraus wann et glat op de Stroossen ass...

Den hollänneschen Autoritéiten no wier et awer wierklech kee Witz. Si maachen dat fir de Makadamm ze killen.

D'Erklärung wier einfach: d'Salz entzitt der Loft Fiichtegkeet an déi killt de Makadamm. Sou soll verhënnert ginn, dass Stroossen opfueren an de Belag pecht. Bei dëser Afenhëtzt kann de Makadamm nämlech esou waarm ginn, dass ee bascht a Lächer kritt.