Esou iwwersteet een d'Hëtzt...

Europa kämpft mat enger Hëtztwell mee de Smartphone ka beim ofkillen hëllefen. "City Oases" heescht d'App, déi fir Android an iOS vun der Ëmweltschutzorganisatioun Global 2000 entwéckelt gouf. Mat der Hëllef vun dëser App kann een op enger Hëtztkaart kucken, wou et zu Wien grad déi angenehmsten Temperaturen an der Stad ginn.

D'Hëtzt-Hotspots si rout markéiert, déi kill Plaze gréng a blo. Ausserdeem kann een hei no ëffentleche Waasserplaze sichen, wou et Drénkwaasser gëtt, eng Info, déi grad bei dësen Temperature jo wichteg ass.

An, wie wënscht sech elo esou eng App fir d'Eldoland?!