Eng Designerin aus Duisburg schafft mat engem ganz besonnesche Material...

Mammemëllech ass just fir de Bëbeeën hir Ernärung gutt? Net esou wann et nom Melanie Käpple geet: Duisburgerin stellt Bijouen aus der ganz besonnescher Flëssegkeet hir.

Fir hir Ketten an Aarmbänner notzt d'Melanie Käpple Mammemëllech a wëll sech an anere Mammen domat d'Geleeënheet ginn, d'Zäit vum Stëllen a Form vun engem individuelle Bijou an Erënnerung ze halen. Interesséiert Mamme schécken der Designerin e puer Drëpse Mammemëllech, dës ginn da gedréchent an duerno mat Häerz an anere Materialie gemëscht. Duerno gëtt d'Substanz a Form geschlaff, an och Hoer oder Deeler vun der Nuebelschnouer kënnen hei dra veraarbecht ginn.

An de sozialen Netzwierker ginn et dann och méi kritesch Stëmmen, déi di ganz Aktioun an domat och d'Resultat als eekeleg ugesinn. D'Designerin stéiert dat awer net, d'Nofro vun den eenzegaarteg Accessoiren ass esou grouss, datt d'Melanie Käpple mëttlerweil scho Clienten ausloust fir seng nächst Commanden ze organiséieren.