D'Ex-Model Elizabeth Hoad huet genuch vun der Männerwelt dowéinst plangt et elo d'Hochzäit mat sengem Golden Retriever.

Eng bësse méi ongewéinlech Hochzäitsannonce mécht de Moment an England d'Ronn: D'Elizabeth Hoad, eemolegt Model, huet d'Nues voll vun de Männer. Logesch Konsequenz: Hatt huet elo bekannt gemaach säin Hond ze bestueden.

Eegenen Aussoen no, hätt et an de leschten 8 Joer ganzer 220 Dates gehat, déi wéi d'Model et beschreift "Eng Katastroph waren". Der Männerwelt kéiert et also elo de Réck an den eegene Golden Retriever mam Numm Logan muss dru gleewen. D'Hochzäit soll am August gefeiert ginn, op där de Logan da souguer passend gekleet wäert sinn. E gëllenen Aarmreef, en Zylinder, eng Veste an eng Méck wäert de Mupp unhunn, wann de kathoulesche Paschtouer da bis dohi säi Seege gëtt.

RTL

© Twitter Screenshot

Déi 49-Joer al Britin géif zwar op dëse Seege waarden, ma ob déi aner Leit et fir verréckt halen, dat wär egal, esou laang et sech fir déi ongewéinlech Koppel richteg ufillt.