© Cparks / Pixabay
Am Saarland koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu engem skurrillen Asaz. Eng Fra hat en Abriecher gemellt, et war awer just eng Fliedermaus.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf d´Police vu Völklingen (Saarland) an d´Haus vun enger74-järeger Fra geruff. Si huet en Abriecher gemellt. Den Alarm wier ausgeléist ginn a si géif sech an hirer Schlofkummer verstoppen.
Wéi d´Police op d´Plaz koum, konnt si awer keng Spuere fannen. Wéi d´Beamte festgestallt hunn, hat eng Fliedermaus den Alarm ausgeléist.
Wéi d´Police weider schreift, hätt d´Fra sech e puer Mol bei de Beamten entschëllegt an hinne Merci fir hire séieren Asaz gesot.